Béier
De Béier-Deal:
Well den ELAN ee gudden, treien a surtout duuschtrege Client am Mac Carthy's Pub am Zentrum vun Nanzeg ass, ass et mam Patron vum Buttéck zu engem Deal komm, deen e just mam ELAN huet, an deen ass vum 12. Oktober 2005 bis op weideres uwendbar. Et geet dorems, datt mir Elaner ee besseren Präiss gemaach kruuten op dem Gedrénks wat mir am meeschte bei him drënken, an daat ass de Béier am 0,5l, och nach "Pint" op angelsächsesch genannt. Fir an de Genoss vun daer Ofmacheung ze komme gett et allerdéngs ee puer Spillregelen; déi siefen hei op dëser Plaz erklärt, well et dach emol ka virkommen, datt een se vergësst oder och net méi versteet, wann se eng Kéier am Café selwer owes e bessen méi spéit erklärt ginn.
- Eng Pint kascht normalerweis 4,30€. Wann een der awer 6 keeft, gëtt et eng Reduktioun.
- Well déi mannste Leit 6 Pint (=3 Liter Béier) gedronk hunn ier dee läschte Béier net wéinstens wootlech ass, hu mir dat Konzept einfach virtualiséiert.
- Am Ufank vum Owend kann een also Tickete fir Pinte kafen, jeweils an Unitéite vu 6 Stëck (wéi wann et ee Sixpack Pinten wir) fir 22€. De Patron kann dobäi no der Clubkaart vum ELAN froen, fir datt et net zu Mëssbrauch vun Ticketen oder esou kënnt.
- D'Ticketen ginn dann am Laf vum Owend einfach géint Béier agetosch, an déi, déi net gebraucht goufen, déi kann een dann einfach fir déi nächste Kéier versuergen.
Den ELAN wëll awer nach ausdrëcklech präziséieren, datt et beim Béier-Deal net dorëm geet, fir d'Memberen zum Alkohol drënken ze verféieren, mee datt et ledeglech een Avantage ass, dee mer am Café konnten erausschloën op Basis vun 2 öknonomeschen Fakten:
- De Gewënn um Béier ass méi grouss wéi op praktesch all aaner Gedrënks, dofir get et zum Beispill bei Cola praktesch kee Verhandlungsspillraum.
- Kënnt den Duerchschnëttskonsum vu Cola an engem Owend, eleng bei eis Lëtzebuerger, net un dee vum Béier erun. Eng grob Schätzung beleeft sech op 1:30.